Tatta Tom zu Aneschtbuerg
Eng bont Virliesgeschicht mat Matmaachiddien a pedagogeschem Begleetmaterial
D’Tatta Tom mécht sech op eng zauberhaft Rees op eng Plaz, wou d’Reegelen op de Kapp gestallt sinn.
Hei gëtt geléiert, gelaacht a gestaunt. Wat geschitt, wann „normal“ op eemol aneschterëm ass.
Den Ufank vun der Geschicht
Tatta Tom zu Aneschtbuerg ass eng Virlies-Geschicht fir Kanner ab 6 Joer, déi Faarf, Witz an Häerz verbënnt.
A sechs Kapitelen entdeckt d’Tatta Tom eng Welt, wou näischt ass wéi bei eis an awer alles Sënn mécht.
All Kapitel schléisst mat enger klenge Iwwerraschung of: engem Rezept oder enger Basteliddi, fir d’Fantasie nach e Stéck méi wäit unzereegen.
⏱ Virliesdauer: ëm 30 Minutten
🧒 Zilgrupp: Kanner ab 6 Joer a Familljen a Jiddereen dee virwëtzeg ass
🌈 Themen: Diversitéit, Selbstakzeptanz, Empathie
🎨 Illustratiounen: Et muss nach eng illustréierend Persoun gesicht ginn
Wéi Aneschtbuerg entstanen ass
Zanter 5 Joer liesen ech als Tatta Tom meng eege lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Buch „Keine Angst in Andersrum“ vir. Eng Geschicht, déi de Kanner d’Wichtegkeet vun Akzeptanz vermëttelt.
Bei dëse Liesunge koum d’Fro op: War d’Tatta Tom och schonn emol zu Aneschtbuerg?
Esou ass d’Geschicht an och Aneschtbuerg entstanen, eng Stad, wou net alles perfekt ass, mä wou d’Reegelen einfach ëmgedréint sinn:
Jongen droe Juppen an hu laang Hoer, Meedercher bedreiwe Beruffer déi mir als Männerberuffer bezeechnen.
Et ass eng Welt, déi d’Kanner aluet, Situatioune mat Virwëtz ze kucken an dobäi ze verstoen, dass et kee „richtegen“ oder „falsche“ Wee gëtt fir ze sinn, wéi een ass.
Tatta Tom zu Aneschtbuerg ass also eng Rees an eng Welt, déi d’Spigelbild vun eiser ass. E bësse verdreemt, e bësse verréckt, mä voller Léift.
Lauschter a kuck eran
Hei fënns Du en Auszoch vum éischte Kapitel. Eng Kéier liest den Tom se vir an eng Kéier kriss du se verzielt vun der Tatta Tom.
Den Tom liest vir
D'Tatta Tom liest vir
Wien hannert de Faarwe stécht
Tom Hecker
Auteur, Kommunikatiouns-spezialist a President vu Rosa Lëtzebuerg.
Hie setzt seng Erfarung an der Diversitéitsaarbecht an, fir Geschichten ze schafen, déi Brécke bauen tëscht Generatiounen a Wierklechkeeten.
Tatta Tom
Eng fiktiv Figur mat bloen Hoer a vill Glitzer am Häerz.
Si erzielt Kanner op hir eegen Aart a Weis vu Versteesdemech a Zougehéieregkeet.
Hire Moto: „Wann d’Welt langweileg gëtt, mol se nei un!“
Eng Geschicht sicht en Doheem
Ech sichen no Verlagspartner:innen, déi dat Selwescht an dëser Geschicht gesinn ewéi ech an och Loscht hunn d’Welt e Stéck mei schéin ze maachen. Tatta Tom zu Aneschtbuerg ass geduecht fir Mënschen mateneen ze verbannen, dofir brauch ech awer déng Hellëf.
Wann s Du interesséiert bass an/oder méi Informatioune wëlls, da schréif mir eng E-Mail: